Iwwer eis
Mir ënnerstëtzen d’Réimecher Guiden a Scouten St. Cunibert: mam Scoutschalet, mat Hëllef bei hiren Aktivitéiten a mat Eventer, déi Leit aus Réimech an Ëmgéigend zesummebréngen.
D’Frënn vun de Réimecher Guiden a Scouten sinn eng asbl. Mir setzen eis fir d’Interessen vun de Guiden a Scouten St. Cunibert vu Réimech an, materiell wéi moralesch. Wéi d’Chefe mat de Kanner a Jugendlechen schaffen, entscheet de Grupp selwer, ënner dem Daach vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten.
Mir organiséieren Eventer wéi de Quiz-Owend oder Moules à gogo. An et geet eis och drëms, Frëndschaft tëscht eise Memberen an dem Scoutissem ze fleegen.
Eisen Doheem ass de Scoutschalet zu Réimech.